
Am Kader vun der Sécherheetscampagne “Gutt gesinn” huet d’Police e Méindeg den Owend tëscht 19 an 21 Auer zesumme mat der Douane eng groussugeluecht Verkéierskontroll op der N31 kuerz virum Rond-point PED zu Péiteng duerchgefouert.
An 29 Fäll gouf e Manktem bei der Beliichtung vum Auto mat enger Verwarnung bestrooft a 26 Automobilisten haten et déi néideg Pabeieren dobäi. Bei siwe vun hinne war d’Steiervignette ofgelaf. Bei zwee Chauffere gouf et Verstéiss wéinst dem Nummereschëld a bei engem Auto goufe Modifikatioune festgestallt, déi net uerdnungsgemäss agedroe goufen.
Da gouf nach bei engem Auto e Mangel bei de Pneue festgestallt, wat 145 Euro an zwee Punkte kascht huet. E Chauffer, dee säin Handy benotzt huet, huet missten 250 Euro a 4 Punkte ofginn an een Automobilist huet 49 Euro bezuelt, well hien ze séier ënnerwee war.
Bei enger zweeter Kontroll zu Miersch, déi ëm déi selwecht Zäit war wéi déi zu Péiteng, gouf et 44 Verwarnungen, vun deenen der 29 mat der Beliichtung vum Auto a siwe mat de Pabeierne ze dinn haten. Zwee Mol hat eng Persoun am Auto kee Sécherheetsgurt un an eng Kéier gouf et Problemer mat de Pneuen. Zwou Verwarnunge gouf et dann a Relatioun mam Nummereschëld. Eng Persoun war dann ouni Permis ënnerwee an eng weider stoung ënner Drogen.