Dikrech7.500 Euro Geldstrof fir fréiere Police-Regionaldirekter

RTL Lëtzebuerg
De fréiere Police-Regionaldirekter aus dem Bezierk Norden ass en Donneschdegmoien um Geriicht zu Dikrech zu enger Geldstrof vu 7.500 Euro verurteelt ginn.
© RTL

De Parquet hat souguer eng Prisongsstrof fir den héije Policebeamte gefrot.

Dem Mann war virgeworf ginn, säi Wonschkandidat bei engem Rekrutement fir d’Police-Fourrière wollten duerchgesat ze kréien. Hie soll Drock gemaach hunn, datt ee vun der wäitleefeger Famill den Job kritt.

De Parquet vun Dikrech hat virun iwwer zwee Joer offiziell matgedeelt, datt bei der Generaldirektioun vun der Police a bei der Regionaldirektioun aus dem Norde Perquisitioune gemaach goufen.

Back to Top
CIM LOGO