
Zwee Autoe sinn tëschent dem Heischtergronn a Bidscht op der Kräizung mat der N27 aneneegerannt. Eng 77 al Automobilistin ass dobäi nach op der Plaz un hire Blessure verscheet. De Chauffer aus dem anere Gefier gouf beim Accident liicht blesséiert.
Am Asaz waren d’Rettungsekippe vu Wolz, dem Alebësch an der Nordstad. Och en Helikopter vun der Air Rescue war am Asaz. Vum PArquet gouf d’Police technique domat beoptraagt, d’Ursaach vum Accident z’ënnersichen. D’Streck war temporär fir d’Rettungs- a Raumaarbechte gespaart.