Coronavirus zu Lëtzebuerg777 nei Fäll bei 2.617 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 999 läit.
© RTL

Aktuell sinn 32 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 5 Patienten op der Intensivstatioun. E Méindeg goufen 81 Re-Infektioune festgestallt. Den Ament ginn et 10.371 aktiv Infektiounen, 177.378 Leit sinn nees gesond.

Am Ganze goufe bis ewell 1.268.435 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 131,76 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 118,83 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO