
Aktuell sinn 30 Persounen hospitaliséiert, dovunner si sechs Patienten op der Intensivstatioun. E Mëttwoch goufen 87 Re-Infektiounen festgestallt. Den Ament ginn et 9.667 aktiv Infektiounen, 175.045 Leit sinn nees gesond.
Am Ganze goufe bis ewell 1.266.365 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 156,78 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 124,00 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.