
Méi ewéi 8.000 Salariéeë si betraff. De Konjunkturcomité, an deem Finanz-, Wirtschafts- an Aarbechtsministèren esou wéi Vertrieder vu Patronen a Personal sëtzen, ënnersträicht awer, datt no Decompten um Enn däitlech manner Beschäftegter tatsächlech am Temps partiel schaffen. Sou waren et am August zum Beispill ronn 1.300 op 8.000 Aarbechter, déi ugekënnegt waren.