Am Fokus vun der gréisserer Policekontroll e Mëttwoch de Moien an der Stad war virun allem d’Sécherheet ronderëm Schoulen, ob d’Vitess agehale gouf, de Gurt richteg benotzt gouf an d’Benotze vum Handy hannert dem Steier am Fokus. Am Ganzen haten 93 Automobiliste sech net un d’Reegele vum Code de la route gehalen an a 86 vun dëse Fäll gouf et dann och e Protokoll. Dorënner anerem 23 Mol well d’Pabeiere vum Gefier net an der Rei waren, 9 Chauffere waren ze séier ënnerwee an a 5 Fäll war eppes um Won net an der Rei - entweder Luuchten oder d’Pneuen. Donieft kruten nach 9 Chaufferen eng Verwarnung, well si kee Gurt unhaten an een Automobilist hat säi Kand dobäi, awer net uerdentlech mat engem Kannersëtz transportéiert. 13 Persounen haten dann nach den Handy an d’Steierrad am Grapp. Des weidere gouf et 7 Mol e Protokoll, well ënner anerem gefuer gouf ouni Fürerschäin oder de Won net assuréiert war.
Bei de Kontrolle waren am ganzen 28 Poliziste bedeelegt aus verschiddene Policebüroen.