Am Mudam99 Schüler kruten hiren "Diplome+"

RTL Lëtzebuerg
E Freideg goufen a Presenz vum Educatiounsminister Claude Meisch am Mudam 99 Schüler geéiert.
© PHOTOGRAPHY RAOUL SOMERS/PHOTOGRAPHY RAOUL SOMERS

Dës 99 Schüler haten no hirer Première nach den zousätzlechen "Diplome+" gemaach. Dëse fokusséiert sech éischter op déi sougenannt "soft skills", also hir sozial a perséinlech Kompetenzen ze verbesseren.

Am Programm vum "Diplome+" ginn d'Schüler ënner anerem op Virstellungsgespréicher preparéiert, solle léieren, hiren Zäitmanagement a Stress besser am Grëff ze hunn a maachen en Éischt-Hëllef-Cours.

D'Schreiwes vum Educationsministère

Back to Top
CIM LOGO