Police saiséiert geféierlech Géigestänn an der Luxexpo

© RTL Télé Lëtzebuerg/Archivbild
Wéi d'Police mellt, gouf et an der Opfaangstruktur um Kierchbierg e Sträit ënner Flüchtlingen. Op der Plaz goufe potentiell geféierlech Objete saiséiert.
Um 19.50 Auer gouf d'Police vum Sécherheetspersonal alarméiert, datt zu enger brutaler Ausernanersetzungen vun engem Grupp vu Leit komm wier. E puer Patrulle goufen op d'Plaz geschéckt, blesséiert gouf keen.
D'Beamten goufen awer informéiert, datt e puer Bewunner vun der Struktur sech Schosswaffe besuergt hätten. Op Uerder vum Stater Parquet goufe sämtlech Zelter a Persoune mat Hëllef vu Policehënn kontrolléiert.
Wéi et weider heescht, huet d'Police keng Schosswaff fonnt, ma just eng kleng Quantitéit Drogen. Sämtlech Géigestänn, déi als Waff hätte kéinte benotzt ginn, goufe sécher gestallt.
Well d'Gemidder sech duerno awer nach ëmmer net berouegt haten, gouf zesummen decidéiert, 12 Persounen an aner Strukturen ze bréngen.
Op der Plaz ware Policepatrulle vu Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Gréiwemaacher, Miersch an der Cap.