Wann een doriwwer diskutéiert, wéi vill Clienten de Lëtzebuerger Satellittebedreiwer GovSat huet, muss den Ënnerscheed tëscht Notzer a Client gemaach ginn.

De Lëtzebuerger Staat ass de gréisste Client vum Lëtzebuerger Satellittebedreiwer GovSat, mat senge ronn 10 Prozent vun de Kapazitéiten, déi e kaf huet. Dës Ausso huet de Verdeedegungsminister François Bausch déi leschte Woch gemaach. Allerdéngs sinn d’Mechanismen hannendru vill méi komplex. Do muss ee fir d’éischt emol den Ënnerscheed tëscht Notzer a Client maachen.

Ma do muss een awer kucken, wat nach hannendru stécht. Déi belsch Marinn zum Beispill profitéiert iwwert de Lëtzebuerger Staat vun de militäresche Frequenzen, well tëscht dem Grand-Duché a sengem Noper eng bilateral Kooperatioun besteet. Iwwert de Satellitte gëtt den Transfert vun den Standard-Donnéen a sougenannten “Voices” tëscht dem Marinneschëff, dem État-major an der NATO garantéiert. Dat am Kader vun der Missioun fir de "Groupe permanent de chasseurs de mines", esou heescht et vun der Belscher Marinn op Nofro hin. Déi Belsch Marinn huet also kee Kontrakt tel quel mat GovSat, eppes wat och de Lëtzebuerger Verdeedegungsministère confirméiert. Et géif sech vill méi ëm ee Package handelen, deen all Joer tëscht Lëtzebuerg an der Belsch iwwerpréift gëtt.

Aner Notzer vun de Lëtzebuerger Kapazitéite sinn Departementer vun der NATO, wéi zum Beispill d’NCIA “NATO Communications and Information Agency” an d’NSPA "NATO Support and Procurement Agency". De GovSat-1 soll och am Kontext vum Engagement vun der Lëtzebuerger Defense am Mali an den Asaz kommen.

Et gëtt also ee wichtegen Ënnerscheed tëscht Notzer a Client, deen an den Diskussiounen ëm GovSat, déi zu Betzder hire Sëtz huet, consideréiert muss ginn.

Nieft de Kapazitéiten, déi de Lëtzebuerger Staat iwwert e Kontrakt vu GovSat reservéiert huet, versicht de Satellittenoperateur och iwwert eng direkt Kommerzialisatioun, Clienten z’erreechen. Dat wier awer méi schwéierfälleg. Och eben duerch d’Ausschreiwungsprozedur, op déi een ugewisen ass, wa Staate sech fir Kapazitéiten interesséieren. Bei GovSat handelt et sech nämlech ëm eng Firma, ënnert der Form vun enger Public-Private Venture. Stellt sech also d’Fro, wéi een dës Prozedur vereinfache kann.

Et gouf allerdéngs och an der direkter Kommerzialisatioun eng Rei positiv Entwécklungen. Mat "Airbus Space and Defence" Norwegen gouf rezent ee Kontrakt ënnerschriwwen. Et huet een och Capacitéiten ënner Vertrag, fir d‘Besoine vun engem baltesche Land, déi iwwert déi europäesch Verdeedegungsagence EDA ofgewéckelt ginn.

Bei der direkter Vermaartung mécht déi ëmmer méi kompetitiv Situatioun um Marché d’Saach net méi einfach. Et wieren dat leschte Joer weider Satellittesystemer op de Marché komm. Zwar géif et eng grouss Demande ginn, mä eben och ëmmer méi Offeren.

De Patrick Biewer, CEO vu GovSat hat an der Vergaangenheet och scho méi wéi eng Kéier betount, datt d’Entreprise sech u strikt Reegelen hält, déi iwwert d’Gouvernance festgeschriwwe sinn. Doduercher goufen an de leschten zwee Joer och eng Partie Demanden net zeréckbehalen. Eng konkret Zuel ass een net gewuer ginn.

Wéi vun der Grënnung vum Satellittenoperateur GovSat geschwat gouf, war et och d’Iddi, datt d’Firma als laangfristegen Investment gekuckt gëtt, a net op een oder zwee Joer. Et géif kee Grond ginn, d’Firma a Fro ze stellen, heescht et vu gutt informéierte Kreesser. Virun allem och, well d’Entreprise am Abrëll nees gutt Chiffres d’affaires dierft presentéieren. Et geet een dovunner aus, datt d’Progressioun am zweestellege Beräich läit. Dat och duerch d’Zerwisser bedéngt ass, déi am Laf vum leschte Joer konnten ausgebaut ginn.

GovSat hat fir den éischte Satellitte-Projet 225 Milliounen Euro investéiert, am Januar 2018 war de GovSat-1 op Orbit geschéckt ginn. D’Entreprise GovSat gehéiert zur Hallschent der SES an zur Hallschent dem Lëtzebuerger Staat. Zil ass et, fir Regierunge Kommunikatiounscapacitéiten zur Verfügung ze stellen.