"Eis Investissementer an d'Defense sinn indispensabel!"

© MAE (Archivbild)
Dat huet déi liberal Verdeedegungsministesch Yuriko Backes no enger parlamentarescher Kommissioun ënnerstrach an där et ëm de GovSat-2 goung.
D'Regierung hat virun zwee Méint jo annoncéiert, en zweete Satellitte wëllen ze kafen, lancéieren an exploitéieren. Elo gouf d'Gesetz presentéiert, mat deem d'Regierung (wann et da bis gestëmmt an a Kraaft ass) hir Pläng kann ëmsetzen.
Am Gesetzprojet ass virgesinn, datt d'Regierung dofir maximal 501 Milliounen Euro dierf ausginn. Esou Projeten droen dozou bäi, datt Lëtzebuerg méi a seng Verdeedegung investéiert, well d'NATO-Memberlänner solle jo vun 2035 un, all Joer 5 Prozent vum PIB fir Sécherheet an Defense ausginn.
E Satellit, deen eng zouverlässeg Kommunikatioun an der Verdeedegung a fir d'Besoine vu Regierungen erlaabt, mécht dofir an den Ae vun der liberaler Verdeedegungsministesch Yuriko Backes Sënn.
"Mir hunn e GovSat-1, deen hat am Ufank bësse seng Schwieregkeete mam Lancement. An Tëschenzäit huet e Succès, en ass voll ausgebucht. Dofir hu mer als Regierung decidéiert et wier e gudden Invest fir an e Gov Sat- 2 z'investéieren, wou mer och de Retour économique kënnen assuréieren."
Als gréisst Oppositiounspartei steet och d'LSAP hannert dem Projet. D'Liz Braz weist och op den Engagement vu Lëtzebuerg an der NATO hin, genee wéi d'Sam Tanson vun déi Gréng.
"Dat hei ass schonn eppes, wou mer dat op eng intelligent Aart a Weis kënne maachen. Et sinn eeben déi Techniken, déi mir elo hunn a wou mer wierklech eng Renommée hunn op Basis vun de Satellitte fir dat auszebauen. Als Standuert vun de Satellitten och gesinn ze ginn an den Effort de défense an d'Luucht ze setzen."
D'Sam Tanson fënnt et positiv, datt och Lëtzebuerger Entreprisen um Projet bedeelegt ginn, quitt datt dat just zu engem klengen Deel ass. Wat d'Käschten ugeet, seet och déi gréng Deputéiert, datt eng hallef Milliard natierlech vill Sue sinn. Si seet, hir Partei géif de Budget am A halen, fir sécher ze goen, datt och zu Lëtzebuerg weider a Land a Leit investéiert gëtt.