Vill ënnerschiddlech Aktiounen op Facebook fir ze hëllefen
Op de sozialen Netzwierker kreéieren sech den Ament déi ënnerschiddlechst Aktiounen, fir déi Betraffen op déi eng oder aner Manéier z'ënnerstëtzen.
Et ass mëttlerweil 2 Wochen hier, dass d’Regierung decidéiert huet, dass bis op e puer Ausnamen all d’Commercen an Handwierksbetriber, di Clienten empfänken hier Dieren op onbestëmmten Zäit mussen zoumaachen. Eng Decisioun, déi noutwenneg war, fir d’Verbreede vum Virus auszebremsen, déi awer vill Independanten a Commerce vun haut op muer virun Existenzängscht gestallt huet. Ma d Well vu Solidaritéit, di ee grad a ville Beräicher matkritt, ass och hei ze gesinn:Op de sozialen Netzwierker kreéieren sech den Ament di ënnerschiddlechst Aktioune fir di Betraffen op di eng oder aner Manéier ze ënnerstëtzen. Mir hunn mat 3 Persoune geschwat, déi esou Opriff an d’Liewe geruff hunn.
Den Giovanni Patri huet selwer e Startup an huet de 15. Mäerz direkt no der entscheedender Pressekonferenz de Facebookgrupp “Rescue Independents&Startups” an d’Liewe geruff, fir sech mat Gläichgesënnten auszetauschen. Mëttlerweil zielt de Grupp bal 6000 Memberen an huet esouguer d’Opmierksamkeet vum Wirtschaftsminister op sech gezunn:
Giovanni Patri: ”Wann e Grupp et fäerdegbréngt, dass op eemol e Minister de Moderator vum Grupp urifft a freet: ‘Wat soen d’Leit, wat wëllen d Leit?’ Dat ass immens, dat heescht, den demokratesche System funktionéiert nach.”
Op eng aner Aart a Weis wëll den Olivier Ferretti mam Facebookgrupp “Promesses d’Achat pour Petites Entreprises et Commerces” hëllefen. Seng Iddi: Den Alldag soll virtuell weidergefouert ginn. Och wann ee grad net méi bei säi Bäcker, Coiffer oder Liblingsbistrot goe kann, soll een se weiderhin ënnerstëtzen. Sou zum Beispill andeems een dem Liblingsbistrot Suen iwwerweist, wann een Owes eng Béier doheem drénkt oder andeems ee sech selwer e Brout baakt an dem Bäcker dofir eppes spent. All déi Aktioune kënnen am Grupp festgehale ginn an esou aner Leit dozou encouragéieren, matzemaachen.
D’Diana an de Pol Zeimes hunn eigentlech eng Immobilière, hunn den Ament awer hir Aktivitéit gewiesselt. An Zesummenaarbecht mat made4you verkafe si an hirem Onlineshop bedréckte Kleedungsstécker mat Spréch ewéi #zesummenstaark oder #bleifdoheem - 10 Euro gi pro verkraafte Kleedungsstéck op d’Säit geluecht fir duerno kleng Betriber ze ënnerstëtzen, déi keng Hëllef vum Staat kruten oder bei deenen d’Hëllef net duergaangen ass.
Dir kennt weider esou Aktiounen, déi Independanten a kleng Betriber z'ënnerstëtzen? Se dierfe gären an de Kommentare gedeelt ginn!