E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, op 118 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 9 positiv geteste Patienten, 7 vun hinne si Residenten. Dat fir den 2. August. Et goufen 1.024 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 6.864 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 597.377 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 1.389 aktiv Infektioune ginn a 5.192 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 54 (-1) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 7  Patiente sinn aktuell op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0.86. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.