Déi brittesch Variant ass den Ament weider am Gaang sech a ganz Europa auszebreeden an och zu Lëtzebuerg. Den Ament si ronn 16 Prozent vun alle sequenzéierte Viren zu Lëtzebuerg op déi brittesch Variant zréckzeféieren. De Staatslabo analyséiert den Ament knapp 10 Prozent vun de positiven Tester.
De ganze Rapport vum LNS fënnt een op hirem Internetsite.