City BreakfastD'Éimaischen an der Stad fält dëst Joer aus

Claudia Kollwelter
Um City Breakfast goung e Mëttwoch ënnert anerem och iwwert d'Ouverture vun den Terrassen an der Stad Lëtzebuerg rieds.

Dëst Joer wäert keng Éimaischen an der Stad organiséiert ginn. Dat huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch um City Breakfast annoncéiert. RTL-Informatiounen no gëtt dat traditionellt Fest dëst Joer och net zu Nouspelt organiséiert. D'Stad Lëtzebuerg huet allerdéngs wëlles, de Leit trotzdeem d'Méiglechkeet ze bidden, e Péckvillchen ze kafen, an maachen dofir en Appell u Besëtzer vun eidel stoende Geschäfter, fir hir Lokaler zu deem Zweck zur Verfügung ze stellen. D'Traditioun soll op dës Manéier weider um Liewe gehale ginn, huet d'Lydie Polfer ënnerstrach.

City Breakfast / Rep. Claudia Kollwelter

Preparatioune fir Ouverture vun Terrasse lafen

D'Stad Lëtzebuerg wëll preparéiert si fir de Moment, wou d'Terrassen, wann och ënner sanitärë Mesuren, erëm kënnen opgoen. De Schäfferot huet an deem Kader eng Partie Decisioune geholl, fir erëm Liewen an d'Stad ze bréngen. Dat huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer um City Breakfast annoncéiert. An deem Kontext fänken schonn en Donneschdeg eng Partie Aarbechten un.

Méi genee an der Rue du Fossé, déi jo schonn zanter Enn vum leschte Joer als "zone de rencontre" gëllt - wou also Vëlo, Foussgänger an Automobiliste sech d'Plaz deelen. D'Aarbechte solle bis den 9. Abrëll daueren.

D'Lydie Polfer erkläert, wat virgesinn ass: "Fir vum Knuedler bis um Niveau vun der Groussgaass e Plateau ze maachen. Wat dem Vëlosfuerer och erlaabt, vun uewen no ënnen ze fueren."

Vum 22. Mäerz bis den 3. Abrëll ass d'Rue du Fossé dann och komplett zou. Eng aner Ännerung gëtt et da vu Mëtt Abrëll un an der Beaumont-Gaass, déi provisoresch als Foussgängerzon klasséiert soll ginn: "Vu moies 6 bis 10 Auer ass op fir d'Livraisounen, well do och vill Geschäfter sinn. Mee mir wäerten och do definitiv eng Terrass erlaben, do, wou lo mol schonn e Restaurant ass."

D'Leit, déi e Recht drop hunn, an d'Strooss eran oder erauszefueren, kréien eng Vignette. An och den Inneministère misst accessibel bleiwen, huet d'Stater Buergermeeschtesch nach präziséiert. Fir datt och op der Plëss d'Terrasse sech méi kënnen ausbreeden, sollen nämmlecht wéi d'lescht Joer d'Blummebacken net opgestallt ginn.

Mir haten d'lescht Joer an der Rue Notre Dame d'Parkplazen ewechgeholl, dat bleift natierlech. An och an der Côte d'Eich e Restaurant, deen Terrass gemaach huet, an och dat bleift. Mir maachen awer och den Appell, datt wann nach Demandë fir eng Terrass do sinn, se sech bei eis melle sollen.

Um City Breakfast gouf dann och drun erënnert, datt d'Stad Lëtzebuerg en Transport-Service ubitt fir Leit iwwer 65 Joer oder vulnerabel Persoune fir an den Impfzenter um Lampertsbierg gefouert ze ginn an dono och erëm heem. D'Stad Lëtzebuerg schafft do zesumme mat der Societéit "Hello Taxi" an déi interesséiert Leit solle sech ënnert dem 4796-2975 mellen.

Aarbechten um Lift am Pafendall

Donieft war et nach d'Informatioun, datt de Lift vum Pafendall erop an d'Stad vum 15. Mäerz u fir 1 Woch wäert zou si wéinst Maintenanceaarbechten.

De Communiqué

L’ascenseur Pfaffenthal – Ville Haute

sera mis hors service à partir du 15 mars 2021

La Ville de Luxembourg tient à informer le public que l’ascenseur reliant le Pfaffenthal à la Ville Haute sera hors service à partir du lundi 15 mars 2021, 9h, et cela pour une durée d’environ une semaine en raison de travaux de maintenance. L’intervention vise à remplacer les câbles de traction dont l’état est régulièrement examiné afin de garantir la qualité de l’expérience des utilisateurs.

La date de réouverture de l’ascenseur dépendra de l’avancement des travaux susmentionnés et sera communiquée dans les meilleurs délais.

Information communiquée par l’Administration communale

Back to Top
CIM LOGO