"Esou eng Decisioun, fir engem Dokter seng Autorisation d’exercer ewechzehuelen, ass eng vun de schwieregsten Decisiounen, déi ech bis elo hu mussen huelen." Dat sot d'Gesondheetsministesch Martine Deprez en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Si huet jo opgrond vun engem Rapport vun dräi Experten d'Suspendéierung vum Dr. Wilmes fir 21 Méint verlängert.
Déi dräi Experte wieren zu der selwechter Decisioun komm, nämlech datt an den 10 Fäll, déi ënnersicht goufen, 10 Mol onnéideg d'Kräizbänner operéiert goufen. Et géif drëms goen, de Patient ze schützen, seet d'Ministesch. D'Dossiere ginn un de Parquet an d'Instruktioun beim Collège médical leeft.
Den Dr. Philippe Wilmes huet iwwregens fir e Freideg 15 Auer eng Pressekonferenz annoncéiert.
En anere wichtege Sujet am Gespréich mat der Ministesch war d'Konventioun tëscht der AMMD mat der CNS. Viru knapp 6 Méint haten d'Dokteren déi gekënnegt. En neien Text steet, mä d'Ënnerschrëft vun den Doktere feelt nach. Si wëlle virdru politesch Zousoe vun der Ministesch. Den Ament sinn dowéinst Aarbechtsgruppen amgaangen. D'Doktere wëlle méi Autonomie a beispillsweis méi Behandlunge baussent de Spideeler.
Wat sécher kënnt, seet d'Ministesch, ass datt méi kleng Agrëffer, déi den Ament nach ënnert der Supervisioun vun engem Spidol stinn, och "dobaussen", an Dokteschpraxisse kënne gemaach ginn, beispillsweis Operatiounen un den Aen, der Haut oder och Radiologie oder e Scanner.
Bis Enn Mee wëll een do e Package um Dësch leien hunn, och mat méiglechen, neien Tarifikatiounen, dat ass en anere grousse Knackpunkt an den Diskussiounen.
D'AMMD hat och eng Reunioun mam Premier gefrot. Mat deem, wat ee bis Enn Mee ausgehandelt kritt, wéilt ee bei de Premier goen, fir datt dann déi politesch Decisioune geholl ginn, huet d'Martine Deprez erkläert.
De 6. Mee ass déi nächst Quadripartite. Do solle Sozialpartner, de Staat a Prestatairen d'Situatioun vun der Gesondheetskeess analyséieren, fir am Hierscht déi néideg Decisiounen ze huelen, fir d'Käschten am Grëff ze halen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.