Akafszenter op der Cloche d'OrStécker vum Daach hu sech geléist a sinn erofgefall

RTL Lëtzebuerg
D'Haaptentrée huet misse fir de Public gespaart ginn, nodeems et duerch de ville Wand zu enger geféierlecher Situatioun koum.
© Domingos Oliveira

En Dënschdeg an der Mëttesstonn hu sech Deeler vum Daach geléist a sinn an der Géigend vum Aganksberäich erofgefall. Secouriste goufen op d’Plaz geruff, fir ze verhënneren, dass weider Deeler op de Buedem géinge falen.

Éischten Informatiounen no wier keng Persoun blesséiert ginn. Op RTL Nofro hi krut RTL confirméiert, dass en techneschen Kontrollbüro den Daach inspizéiert huet. D’Gerance vum Akafszenter krut den “Ok” an d’Zouso, dass keng Sécherheetsgefore bestinn.

Back to Top
CIM LOGO