D'Chômage-Situatioun berouegt sech weider: Enn Mee waren 17.340 Leit bei der Adem ageschriwwen, déi no enger Schaff gesicht hunn.

Dat waren der iwwer 900 manner wéi am Abrëll. Dës Chiffere goufen e Méindeg publizéiert.
Géintiwwer dem Mee zejoert goufe souguer bal 2.900 Chômeure manner gezielt (e Minus vun 14%) - ee Rekordjoer am Etat de Crise. Den aktuelle Chômage-Taux geet dann och weider erof, fir sech op 5,9% ze chiffréieren.

RTL

Géintiwwer dem Mee zejoert goufe bal 2.900 Chômeure manner gezielt. / © Adem

Den Ament ginn et ronn 9.100 Persounen, déi eng komplett Chômage-Indemnitéit ausbezuelt kréien - ronn 4.600 Leit si bei enger vun de Beschäftsgungsmesuren ageschriwwen.

Parallel zu de Leit, déi eng Plaz sichen, ginn och ëmmer nei Plaze vu Patronen deklaréiert: Am Mee waren dëst knapp 4.000 fräi Plazen, sou datt aktuell knapp 8.900 Plaze bei der Adem deklaréiert sinn, déi op en neie Salarié waarden. Eleng am Horeca-Domaine ginn et ronn 550 Plazen, fir déi Leit gesicht ginn.

Aktuell schaffen eng 487.400 Leit hei am Land, d'Frontalieren ageschloss. Dëst ass e Plus vun 3% op ee Joer gekuckt.