
"D'Manéier änneren, wéi mir iwwer Suicide schwätzen" – ënnert deem Motto stoung déi lescht dräi Joer den internationale Suicidepreventiounsdag, deen all Joer den 10. September ass. Zil ass et, fir vun enger Kultur vun der Tabuiséierung ewech ze kommen.
Et ass wichteg, datt mer eng Gesellschaft schafen, an där een deene Leit nolauschtert, deenen et net gutt geet, seet d'Émilie Senez, Psychologin beim Preventiouns- a Formatiounsservice vun der Ligue de la santé mentale. Eppes, wat laang en Tabu war, ass elo ausdrécklech erwënscht, erkläert si:
Si on se sent capable de le faire, osez poser la question, la question tout, qu'on a du mal à poser, qui est de savoir, est-ce qu'il t'arrive de penser au suicide? On a souvent une idée reçue que si on pose cette question, on va donner l'idée à la personne de se suicider, or ce n'est pas du tout le cas. Au contraire, le fait de poser la question va permettre à la personne de se sentir entendue.
Et kann déi éischt Etapp vun Hëllef sinn, déi ee brauch, wann ee Suicidegedanken huet, ënnersträicht d'Psychologin vun der Ligue de la santé mentale. Aus Erfarung weess si, datt eng Persoun, déi sech d'Liewen hëlt, net stierwe wëll, mä just wëll, datt et ophält.
Si beschreift a wéi enger dramatescher Situatioun e Mënsch ass, deen iwwer Suicide nodenkt:
Avant tout, elle est dans une souffrance qui est très intense. Elle ne voit plus d'issue. Ses capacités d'analyse et de réflexion sont diminuées par la souffrance, par la fatigue et elle en arrive finalement à ne plus voir que cette issue-là et plus d'autres possibilités ou d'autres options.
Enger Persoun, déi driwwer nodenkt, sech d'Liewen ze huelen, soll een nolauschteren, betount d'Psychologin – ouni ze jugéieren a mat Empathie. Anengems ass et wichteg, dee Mënsch dohinner z'orientéieren, wou e spezialiséiert Hëllef kritt.
Dat ass zum Beispill bei der Ligue de la sante mentale, bei SOS Detresse oder um 112.