Op der PompelZolidd Haussë beim Diesel a Masutt, Baissë beim 95er an 98er

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg änneren d'Präisser op der Pompel op en Neits. Den Diesel an de Masutt ginn e gutt Stéck méi deier, d'Präisser vum Bensinn ginn erof.
D'Präisser op der Pompel ännere schonn erëm.
© JAN WOITAS/dpa Picture-Alliance via AFP

Beim Diesel ass et eng déck Hausse vun 9,9 Cent. Domat kascht de Liter vun e Samschdeg un 2,123 Euro.

De Präis vum Masutt geet nach méi an d'Luucht. Dat ëm 10 Cent op 1,610 Euro de Liter.

De 95er Bensinn geet dogéint ëm 4,7 Cent erof a kascht dann nach 1,793 Euro de Liter.

Beim 98er Bensinn ass et eng Baisse vu 4,9 Cent, woumat de Liter dann nach 1,981 Euro kascht.

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Zolidd Haussë beim Diesel a Masutt
Zolidd Haussë beim Diesel a Masutt
© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO