Dëst Joer gëtt et keng Schueberfouer, sou wéi et se 679 Mol gouf. D'lescht Joer ass se ganz ausgefall, dëst Joer leeft se ënnert engem aneren Numm.

Lescht Preparative fir "Fun um Glacis" / Reportage Chris Meisch

Dat hänkt mam Konzept zesummen, dat strikt no de Covid-Reegelen ausgeschafft gouf an e Samschdeg um 11 Auer a Musek ëmgesat gëtt. Vun deem Ament un heescht et dann all Dag vun 11 bis 23 Auer "Fun um Glacis", dëst bis den 12. September.

"Fun um Glacis" steet virun der Dier a pünktlech virun der Ouverture kënnt och dat gutt Wieder. Nieft den Achterbunnen an anere Spiller gëtt wéi gewinnt och eng grouss Palette un Iess- a Gedrénksbuden ugebueden. Zwar eng gutt Rei manner wéi een dat vun der Schueberfouer gewinnt ass, ma an awer ass probéiert ginn, fir eng grouss Diversitéit ze suergen. Elo musse just nach déi lescht Preparatioune gemaach ginn ier et da lass geet.

Nodeems kleng Foueren zejoert duerch déi ganz Stad verdeelt waren, ass se dëst Joer nees wéi gewinnt eng gréisser Kiermes um Glacis. Et ass zwar keng Schueberfouer, wéi mir se kennen, ma an awer huet et geklappt, hei vill bekannt Spiller, Iess- a Gedrénksbuden opzeriichten.

De Stater Scheffen, Patrick Goldschmit: „Wann een elo déi nächst 20 Deeg oder 23 Deeg op de Glacis kënnt, da muss ee wëssen, dass de Glacis an zwee opgedeelt ass. De groussen Deel mat all de Spiller an deen ass mat Mask, ouni CovidCheck. Dat heescht do kann een hi goen, ouni elo mussen extra Tester ze maachen, mä et muss een um ganze Site de Mask unhalen, och op de Spiller, an et dierf een op dem grousse Glacis net iessen net drénken.“

Dofir ass de „klenge Glacis“ virgesinn. Hei gëllt de CovidCheck mat den 3G, Schnelltester kënnen och op der Plaz gemaach ginn. Wa fill Leit do sinn, da muss een awer mat Waardeschlaange virun der Entrée rechnen. Wann ee bis eemol um Site ass, kritt een och ee Bändchen, dee fir de ganzen Dag valabel ass. Et kann een also ëmmer nees eran an eraus goen. Ier et lassgeet mussen awer nach puer Finitiounsaarbechte gemaach ginn.

De Fouermeeschter, Laurent Schwaller: „Et sinn Terrassen, et si Barrièren, déi musse gesat ginn, bon de ganze CovidCheck-Beräich natierlech, deen elo dobäikomm ass, dee muss elo nach amenagéiert ginn, equipéiert ginn, nach e bëssen Deko gesat ginn an dann ebe kontrolléieren ob alles richteg steet, ob och alles richteg ass, ob d'Accèsen all richteg gezeechent sinn, Signalétiques an déi Saachen, dat ass alles nach wat haut, dee leschten Dag usteet.“

Fir vill Foraine vun Iess- a Gedrénksbuden ass et scho quasi eng Erléisung, hir Stänn endlech nees opzeriichten, anerersäits huet ee misse vill upassen, fir de sanitäre Mesurë gerecht ze ginn.

D'Manon Schmit vum Kugener: „Fir eis waren et guer keng schéin Zäiten déi läscht 18 Méint, well eis lescht normal Aktivitéit war eigentlech de Chrëschtmaart 2019. Wat mir natierlech ganz schued fannen, ass, dass déi ganz Restauratioun net erlaabt ginn ass. Mir verstinn et natierlech, Stad Lëtzebuerg huet et eis zumindest erlaabt, fir een anert Konzept duerchzezéien a mir sinn iwwerglécklech, fir iwwerhaapt dierfen op der Plaz ze sinn. Mir hunn awer probéiert, dat Bescht draus ze maachen, andeems ma eng flott Terrasse hunn, iwwerdeckt natierlech. Mir probéieren, de Leit e bësse Stëmmung erëmzeginn, dass ma erëm e bëssen an een normaalt Liewen erafannen. Natierlech si ma elo alleguerten elo a Virfreed a mir hoffen natierlech, dass d'Leit eis alleguer ënnerstëtzen a besichen.“

Fir den Transport gëtt geroden, wa méiglech zu Fouss oder mam Vëlo op de Glacis ze kommen. Wéi gewinnt fueren och vum Bouillon aus all Véierelstonn Navetten. Och den Tram ka genotzt ginn, dee fiert an der Allée Schaeffer nees an zwou Richtungen.

Maacht mat bei eiser Ëmfro