Romain Schneider fënnt Reprochë vu Bauerenzentral scho bal "infekt"

© Emmanuel Claude
D'Reprochen, déi op der Generalversammlung vun der Bauerenzentral an de Raum gesat goufen, géingen net stëmmen, sou de Minister.
D'Beruffsorganisatioun vun de Baueren, Wënzer a Gäertner hat d'Politik vum Minister als „heiansdo lamentabel" kritiséiert. De Minister wier net fir d'Baueren do a géif net op Kommunikatioune reagéieren.
An dat wier carrement gelunn, verteidegt sech de Minister. Hie wier ëmmer am Ministère a soss ze begéinen, wann ee sech dat géif wënschen. Och iwwert de schrëftleche Wee wier de Landwirtschaftsministère op all Demande agaangen.
„Rezent gouf gesot, et géifen hei Bréiwer leien, déi net beäntwert goufen. Mir hu keen offizielle Bréif vun der Bauerenzentral hei leien, deen net beäntwert ass. Dat eenzegt, wat mer hunn, ass ee perséinleche Bréif vun engem Bauer, respektiv Mandatsdréier an der Zentral, bei deem et sech ëm e Recours handelt. Dat ass eng aner Saach. Den 19. Abrëll dëst Joer hat d'Bauerenzentral eng Entrevue bei mir gefrot. Den 29. Abrëll hunn ech se hei empfaangen, fir en Echange ze hunn", sot de Romain Schneider.
Iwwert déi lescht Wochen hätt ee sech zwee Mol mat der Beruffsorganisatioun an och aneren Acteure getraff, fir iwwert d'PAC, d'Réforme de la politique agricole commune, ze diskutéieren.
„Kleng Klammer: Do koum net ganz vill vu Reaktiounen. Dat eenzegt, wat do erauskoum, ware perséinlech Dossieren, déi dann och sollte bei der neier PAC consideréiert ginn", sou nach de Landwirtschaftsminister.
Et géif vill fir déi Betraffen um Terrain gemaach ginn, esou de Romain Schneider. Aner Gewerkschaften hätten do och eng vill méi positiv Astellung zu den neie Weeër, déi an der Zukunft missten ageschloe ginn a géife sënnlos Streidereien op der Säit loossen.
„Si fërderen d'Landwirtschaft net. Se bréngen näischt, fir d'Landwirtschaft anescht duerzestellen. Hei muss e positiivt Signal kommen. Ech hoffen, datt d'Gewerkschaft sech opstellt, fir positiv Baueren ze vertrieden. Et ass wichteg fir d'Landwirtschaft am Ganzen."
An datt d'Landwirtschaft näischt méi an der Politik ze soen hätt, léisst de Minister net gëllen. D'Politik géif sech konsequent fir seng Baueren, Wënzer a Gäertner asetzen.