D'Mark RTL bleift N°1 am Land
All Woch erreecht RTL 422.900 Leit zu Lëtzebuerg a beleet déi 3 éischte Plazen am Lëtzebuerger Media-Ranking.
Déi wichtegst Informatiounen aus der TNS-Etüd* am Resumé
All Woch erreecht RTL (Radio, Tëlee an Internet) 422.900 Persounen zu Lëtzebuerg, dat sinn 79,3% vun der Populatioun.
Op eng Woch gekuckt, kënnt RTL.lu op d'Spëtzepositioun an erreecht 54,8% vun der Populatioun. Op zweeter an drëtter Plaz kommen RTL Radio Lëtzebuerg mat 50,5% an RTL Télé Lëtzebuerg (och via RTL ZWEE an Tëlee iwwer Internet) mat 48,3%.
- All Dag (vu méindes bis sonndes) informéiere sech 203.300 Leit op RTL.lu (mat RTL 5minutes.lu an RTL Today).
- RTL Radio Lëtzebuerg bleift deen éischte Radiosender zu Lëtzebuerg a gëtt all Dag (vu méindes bis freides) vun 161.700 Persoune gelauschtert.
- D'Programmer vun RTL Télé Lëtzebuerg ginn all Dag (vu méindes bis freides) vun 138.500 Spectateure gekuckt.

D'ganz Ekipp vun RTL Lëtzebuerg seet Iech MERCI fir d'Vertrauen, dat Dir eis Dag fir Dag entgéintbréngt.
Zweemol am Joer analyséiert TNS-Ilres am Optrag vun der Regierung an den 3 Haapt-Medienhaiser (Editpress SA, Saint Paul Luxembourg SA an IP Luxembourg/CLT-UFA) de Mediekonsum zu Lëtzebuerg. D'Analys gouf tëscht Februar 2021 a Januar 2022 op engem Echantillon vu 3.755 Awunner vun iwwer 15 Joer gemaach.