D'Gemenge fuerdere vu staatlecher Säit eng besser Koordinatioun beim Accueil vu Refugiéen aus der Ukrain.

De Gemengesyndikat Syvicol hat e Méindeg eng Reunioun. Den Encadrement vu Flüchtlinge war e grousst Thema. D'Gemenge wäre gäre bereet, Refugiéen opzehuelen, esou de President Emile Eicher, ma si kéinten den Ament schwéier aschätzen, mat wéi enge Quantitéiten si ze di kréien. Vill Gemengeresponsabel hätte sech besuergt driwwer geäussert, dass vu grousse Quantitéite rieds ass, mä si net wéissten, op wat konkret si sech astelle mussen.

D'Regierung géif vu 4.000 ukrainesche Persoune schwätzen. Ma vill Buergermeeschteschen a Buergermeeschteren hätten e Méindeg gesot, dass si offiziell nach keng Refugiéen hu misse logéieren.

Syvicol zu Flüchtlingen aus der Ukrain

Si wéilten déi néideg Raimlechkeeten am Interêt vun de concernéierte Leit awer mat Virlaf preparéieren. Dat gëllt fir de Logement, mä och fir d'Betreiung vun de Kanner.

De Syvicol proposéiert, dass de Staat déi Persoune reaktivéiert, déi scho wärend der Pandemie Experienz an der Krisegestioun gesammelt hunn. Déi hätten dem Emile Eicher no déi néideg Kompetenze fir och dëse groussen Challenge unzegoen.

De President vum Gemengesyndikat mécht och den dréngenden Appell, dass d'Ukrainer offiziell sollen déi international Protektioun ufroen. Nëmmen da si si sozialverséchert an hir Kanner hunn e Recht op Schoul. Mat engem Touristevisa geet dat net.

RTL