De Mann gouf e Sonndeg den Owend zu Déifferdeng kontrolléiert. Bei him goufen eng gréisser Quantitéit un Drogen, wéi awer och u Boergeld séchergestallt.

Och an der Wunneng vum Verdächtege konnten d'Beamten "tatrelevant" Géigestänn sécherstellen. De Parquet huet de Mann verhafte gelooss an hie koum schonn e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Da mellt d'Police nach, datt kuerz viru Mëtternuecht en accidentéierte Won op der A3 vun enger Patrull gesi gouf. De Chauffer gouf doropshi vun de Beamte kontrolléiert an et gouf festgestallt, datt hien däitlech ze vill gedronk hat. De Permis huet hie missten ofginn.