Schlammestee: Zwou Persoune schwéier blesséiert, Chauffer méi spéit festgeholl
De CGDIS mellt dräi Blesséierter um Méindeg de Moie fréi kuerz no 4.35 Auer um Schlammestee net wäit ewech vun enger Diskothéik.
Dräi Leit goufen ugestouss an zwee vun hinne ganz schwéier blesséiert, schreift d'Police um Méindeg am spéiden Nomëtteg. Éischten Ermëttlungen no goufen déi dräi Persoune vun engem Auto ugestouss, de Chauffer ass nom Tëschefall net stoe bliwwen, mä huet Farerflucht gemaach. D'Police huet direkt nom Auto gesicht an d'Gefier an de Chauffer konnten ermëttelt ginn. De Parquet huet de Mann festhuele gelooss, hie koum nach am Laf vum Méindeg virun den Untersuchungsriichter.
Nieft de lokale Secouriste waren och déi zwee Samus-Noutdokteren aus der Stad a vun Esch op der Plaz. D’Streck tëscht dem Schlammestee a Weiler war bis 9 Auer komplett fir den Trafic gespaart, dat hat d'Police matgedeelt. D'Spueresécherung gouf op d'Plaz geruff.