D'Struktur um Findel fir Leit ouni Doheem mécht dëst Joer schonn de 15. November op am Plaz den 1. Dezember. Gesicht ginn nach Benevollen.

Wéinst der Kris rechent d'Coordinatrice vum Nuetsfoyer Diana Pereira vun der Caritas dëse Wanter mat méi Zoulaf. Vun de Streetworker wéisst een och, datt scho vill Leit dobausse géifen drop waarden, datt d'Wanteraktioun opmécht.

"Den Impakt vun der Kris op eng Struktur wéi d'Wanteraktioun ass schwéier anzeschätzen", seet iwwerdeems d'Familljeministesch Corinne Cahen. D'Leit, déi schlofe kéimen, wieren net ëmmer aus dem Land. Verschiddener kéimen och all Joer nees op Lëtzebuerg zréck.

Déi 250 Better, 18 dovunner fir Fraen, waren nach ni komplett ausgelaascht. Deemno wieren nach genuch Kapazitéiten do, erkläert d'Daiana Pereira. Ausserdeem hätt een och d'Defie vun der Covidkris gemeeschtert.

Och Leit mat Aarbecht kommen an den Nuetsfoyer

Der Erfarung no si 96% vun de Beneficiairë Männer. An enger Altersspan vun 18 bis 70 Joer. Déi meescht tëscht 25 a 35 Joer, vill Europäer an Nordafrikaner, awer och emol Chineesen, US-Amerikaner a Lëtzebuerger.

"Leider hu mer ëmmer méi Leit, déi schaffen, mä vun der Wanteraktioun benefisséieren." Gëtt d'Coordinatrice vum Nuetsfoyer ze bedenken. "Mir hu Leit, déi Interim schaffen oder déi kee CDI hunn. Dat heescht, et gëtt ëmmer méi schwéier fir si, eng Wunneng am Land ze fannen." Vill vun dëse Betraffene kéimen aus dem Ausland a géifen hoffen, zu Lëtzebuerg berufflech Fouss ze faassen.

Aner Struktur fir WAK-Dagesfoyer gesicht

Jiddereen, ob mat oder ouni Aarbecht, muss den Nuetsfoyer moies verloossen. Mëttes geet en nees e puer Stonnen op fir eng waarm Moolzecht, Aktivitéiten, respektiv e sozialen Encadrement a Suivi.

Zanter den Dagesfoyer vun der Wanteraktioun um Findel ass, kéimen allerdéngs manner Leit iessen, erkläert d'Rachel Olivero vum Roude Kräiz, Coordinatrice vum Dagesfoyer. "Wéi mer virdrun zu Bouneweg waren, war et ebe méi accessibel fir eis Populatioun. Vu dass se lo och den ëffentlechen Transport mussen huelen an dat ass net ëmmer esou einfach."

Deemno ass een op der Sich no enger neier Struktur méi no bei der Gare, Bouneweg an der Uewerstad. Gesicht ginn awer och nees Benevollen, fir bei der Wanteraktioun ënner anerem Iessen ze verdeelen. D'lescht Joer hate sech 80 Persoune gemellt, bis ewell sinn et der 59. Aschreiwe kann ee sech op benevolat@draieck.lu

D'Wanteraktioun dauert dëst Joer viraussiichteg vum 15. November bis de 15. Abrëll.