Dëst huet d'Police e Samschdeg de Moie matgedeelt.

Tëscht Leideleng an Zéisseng, um CR179, ass um hallwer 10 e Freideg den Owend eng Persoun déidlech blesséiert ginn, wéi en Auto eng Clôture ze pake krut, dat huet d'Police e Samschdeg de Moie confirméiert.

Aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach huet de Chauffeur d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass géint en Zonk aus Holz gerannt. Dobäi gouf den Automobilist esou uerg blesséiert, dass hien nach op der Plaz gestuerwen ass.

Eng Enquête, fir de geneeën Oflaf vum Accident z'ermëttelen, gouf an d'Weeër geleet.

Op der Plaz waren d'Ambulanz, de CGDIS an de Samu aus der Stad Lëtzebuerg.

Weider Accidenter mat deels Blesséierten

Géint 20 op 7 waren an der Rue Basse zu Kënzeg 3 Autoen net laanschtenee komm. 3 Persoune goufen heibäi verwonnt.

An der Beetebuerger Strooss op der Kockelscheier ass eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Dat war kuerz virun Hallefnuecht.

E Samschdeg de Moien géint 2 Auer gouf et en Accident mat zwee Gefierer op der A31 a Richtung Metz. Tëscht der Diddelenger Grenz an der Sortie Wuelmereng goufen zwou Persoune verwonnt.

Bei zwee méi klenge Bränn zu Esch-Uelzecht an tëscht Bieles an Esch ass kengem eppes geschitt. Eng Kéier hat e Kabel Feier gefaangen, déi aner Kéier eng Poubelle.

De CGDIS mellt dann nach en Accident e Samschdeg de Moie géint hallwer 10 zu Esch. Hei sinn zwee Gefierer net laanschtenee komm. Zwou Persoune goufe blesséiert.