Déi geplangte Reform vun der Grondsteier wier net ambitiéis genuch a géif riskéieren, just e limitéierten Impakt op déi urgent Logementskris ze hunn.

Dat schreift d'Chambre des salariés am Avis zum respektive Gesetzprojet. D'CSL ënnerstëtzt den Evaluatiounssystem.

A punkto Defiskaliséierung vum Eegenheem hätt ee sech en Abattement pro Logement an net pro Steierzueler gewënscht.

Bei den Abattemente wier och e grousse Problem deen, datt Proprietäre vun Haiser besser ewechkommen wéi déi vun Appartementer.

Da gëtt bei der Salariatskummer virun allem och bedauert, datt et beim Patrimoine foncier keng progressiv Besteierung gëtt.