Fält mat der Buvette du Lac elo déi lescht Bastioun géint den Hotelsprojet?
D'Buvette vu Wäiswampech hat an de leschte Méint ëmmer nees fir Ierger gesuergt, well se op engem Site steet, wou elo en neien Hotelskomplex gebaut gëtt.
U sech hätt déi al Buvette ofgerappt sollte ginn. Ma dunn hat de President vun der Wämper Biergerinitiativ eng Demande eragereecht, dass se sollt klasséiert ginn. Ee Wonsch, deen och am Dezember vun der Kommissioun vum Patrimoine ënnerstëtzt gouf. Dat hätt allerdéngs de ganze Projet ëm den Hotel op d'Kopp geheit. En Donneschdeg war et dunn déi iwwerraschend Nouvelle aus dem Kulturministère, dass d'Gebai elo awer kann ofgerappt ginn.
D'Buvette du Lac um Wämper Séi ass wuel déi bekanntste Buvette am ganze Land. D'Decisioun vum Kulturministère, se elo awer ewechrappen ze loossen, dierft e virleefegt Enn am Sträit ëm dat alt Gebai bedeiten. Fir d'Wämper Biergerinitiativ war et kulturelle Patrimoine, fir d'Gemeng e Symbol, hir Pläng fir en Hotelskomplex um Séi ze torpedéieren. Deementspriechend frou ass de Buergermeeschter Henri Rinnen, dass elo eng Decisioun an hirem Sënn gefall ass. De Projet mam Hotel wier net just fir d'Gemeng, mee fir de ganzen Norde wichteg.
Dat huet awer net jidderee sou gesinn, d'Buvette huet déi lescht Méint fir Schlagzeile gesuergt. Eng Biergerinitiativ ass souwuel géint d’Ofrappe wéi och géint de Projet vum Hotel selwer Stuerm gelaf - ëmsoss. An zwou Woche kéint de Bagger hei stoen, mengt de Buergermeeschter. Da muss déi al Buvette deem neie Centre de Loisir Plaz maachen. Dee gehéiert zum Hotel, hei solle Waassersportaktivitéiten ugebuede ginn. Den Hotel selwer steet ewell. Ee Grond, firwat de Kulturministère sech géint d'Klasséierung decidéiert huet. Eng Renovéierung oder d'Gebai ganz op eng aner Plaz ze deplacéieren, wier deemno net raisonnabel gewiescht, erkläert d'Kulturministesch Sam Tanson:
"Dat heescht, dass den Dag net an engem gudden Zoustand ass an dass och soss un der Struktur misste vill Aarbechte gemaach ginn, a wa se misst deplacéiert ginn, da misst eigentlech e ganzen Deel vun der Buvette nei gebaut ginn, sou dass dann den historesche Patrimoine do géing verluer goen. Net ze schwätze vum Käschtepunkt, sou dass ma da bei 2 Millioune wieren."
D'Wämper Biergerinitativ war e Freideg net disponibel fir e Statement, et wéilt ee sech a Rou d'Schreiwes vum Ministère ukucken. Der Initiativ war de Projet en Dar am A, ënnert anerem well en net ëffentlech ausgeschriwwen, mee ënnert der Hand un de Lamy-Grupp vergi wier. Ob also weider däischter Wolleken iwwert dem Wämper Séi optauchen? D'Gemeng bleift virsiichteg.
D'Kulturministesch Sam Tanson géif d’Gebai net als nationaalt Kulturierwe gesinn.
Dat Ganzt hat fir Polemik an Diskussioune gesuergt. D’Gebai aus de 50er Joren, dat an engem schlechten Zoustand ass, ze klasséieren hat fir vill Kapprësele gesuergt. Et hätt och e Fräizäit-Projet gestéiert.
Mä d’Commission pour le patrimoine culturel hat d’Klasséieren nawell recommandéiert. D’Sam Tanson huet awer elo dogéint decidéiert.