De Statec huet nei Detailer vun der leschter Vollekszielung vun 2021 publizéiert. 41,5 Prozent vum Land sinn net bewunnt, am meeschte Leit liewen am Süden.

Iwwer 645.000 Leit liewen zu Lëtzebuerg. An déi Populatioun ass geografesch ganz ongläich verdeelt.

Am Süde vum Land wunne vill méi Leit wéi am Zentrum oder am Norden. 60 Prozent vun de Leit wunnen an de Kantonen Esch a Lëtzebuerg. Am Kanton Veianen wunne par Konter just 0,9% vun der Bevëlkerung. 41,5 Prozent vum Land ass guer net bewunnt.

D'Stad Lëtzebuerg ass mat iwwer 128.000 Awunner bei Wäitem déi gréisste Gemeng am Land. D'Stater Residente maache bal ee Fënneftel vum Land aus. Eng Rei Gemengen am Land hu méi wéi 15.000 Awunner: Esch, Déifferdeng, Diddeleng, Péiteng, Suessem an Hesper. Esch läit virop mat iwwer 36.000 Awunner.

Déi klengste Gemeng – Sëll - zielt manner wéi 1.000 Awunner, nämlech 960.

52,8 Prozent vun der Lëtzebuerger Populatioun hunn déi Lëtzebuerger Nationalitéit, 47,2 Prozent eng auslännesch.

Zanter 1961 ass d’Zuel vun den Auslänner vun iwwer 13 Prozent op elo méi wéi 47 Prozent eropgaangen. Wéinst de villen Naturalisatioune konnt sech den Undeel vun den Net-Lëtzebuerger am Land awer stabiliséieren.

Et liewe liicht méi Männer am Land (50,4 Prozent) wéi Fraen.