Den ëffentlechen Acteur am Bausecteur SNHBM wëll verstäerkt an d'Locatioun investéieren. 40 Prozent vun de Logementer solle kënne verlount ginn.

Jorelaang hat d'SNHBM just 200 Wunnengen am eegene Park Locatif, elo sinn et der bal 500. Dës Zuel soll op ronn 700 klammen, esou den SNHBM-Direkter Guy Entringer.

SNHBM presentéiert Bilan 2022 - Reportage vum Monica Camposeo

Iwwer d'Joer 2022 waren iwwer 1.000 Unitéiten am Bau. Dovunner goufen 289 Unitéiten zejoert ofgeschloss, 202 an der Vente, 71 fir d'Locatioun a 16 Wunnenge goufe fir eng Gemeng gebaut. Op 17 verschidde Plazen uechter d'Land ass geschafft ginn.

RTL

© Didier Weber / RTL

Virun allem Eefamilljenhaiser ginn net verkaf

Aktuell wieren et schwéier Zäiten. "Op eise Chantiere sinn och Retarden", esou d'Annick Rock, Presidentin vun der SNHBM, an et géing een och bemierken, dass d'Baupräisser ëmmer weider klammen. D'Baugesellschaft huet awer fix Präisser, esou dass d'Käschte fir d'Clienten net am Laf vum Bau klammen. Zu de Retarde kéint een nach keng weider Detailer ginn, zum Beispill ëm wéi vill Wunnengen et sech handelt. De Logementsministère wäert dat kommunizéieren.

RTL

D'Annick Rock, Presidentin vun der SNHBM. / © Didier Weber / RTL

Ma awer bemierkt d'SNHBM, dass et ëmmer méi schwéier gëtt, wéinst der allgemenger Präis- an Zënshausse, Leit ze fannen, déi a Fro kommen, e Logement mat Bail emphythéotique ze kafen. "Mir fänken un Logementer ze hunn, déi mer net verkaf kréien", esou de Guy Entringer.

De Präis pro Metercarré louch zejoert bei ronn 4.200 Euro, wat deemno wäit ënnert dem Marchéspräis ass. Fir Projeten, déi aktuell an de Bau an an d’Vente ginn, wéi de Quartier Nonnewisen zu Esch, läit de Metercarré-Präis awer scho bei iwwer 5.000 Euro.

Et wier eng ganz nei Situatioun, dass d'SNHBM keng Clientë fënnt. Et géing ee probéieren, esou bezuelbar wéi méiglech ze bauen, mä déi aktuell ekonomesch Situatioun géing mat sech bréngen, dass verschidde Clienten ofsprangen, well de Finanzement net ka gestemmt ginn.

D'SNHBM stellt kee Projet zeréck, betount nach de Guy Entringer, och wann et den Ament an der Vente Schwieregkeete ginn. Et wëll ee weiderhin esou séier wéi méiglech bauen a Logementer zur Verfügung stellen. Déi Unitéiten, déi net verkaf ginn, ginn um Internetsite vun der SNHBM visibel gemaach, fir dass interesséiert Leit hiren Dossier kënnen areechen. Dat wieren aktuell virun allem eng Rei Eefamilljenhaiser zu Bieles an Elmen.

Et war dann och d’Fuerderung, dass Gesetzer zum Logement, déi den Ament um Instanzewee sinn, nach virum Summer duerch d'Chamber ginn.

RTL

© Didier Weber / RTL