An Zukunft sollen d'Recyclingzentere Ressourcenzentere ginn

© Domingos Oliveira / RTL
Hei am Land ginn et 26 Recycling-Zentren. Déi sollen an Zukunft méi an d'Kreeslafwirtschaft integréiert ginn.
Nieft Offall evitéieren a recycléiere geet een de Wee vun nach méi Nohaltegkeet. Dee Wee ass dee vum Second-Hand-Shop a Recycling-Zentren, an domadder een neie Baustee bei där Kreeslafwirtschaft. Aus Offall soll, méi wéi bis elo schonn, eng Ressource ginn.
Lëtzebuerg wëll do bei de Virreider sinn, esou d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring. Et wier ee Paradigme-Wiessel.
"...ëmmer mam Zil, d'Objeten esou laang wéi méiglech am Gebrauch ze halen, an de Wäert ze behale vun deenen Objeten déi mir hunn, an och ze vereinfachen, dass se mehrfach genotzt kënne ginn. dat ass quasi dat Allerwichtegst vun deem Ganzen"
D'Saachen, déi d'Leit wëlle lassginn, sollen also weider benotzt ginn.
Déi 26 Recycling-Zentre stinn ëmmerhi fir iwwer eng Millioun Visitte pro Joer an eng Ooffall-Collecte vu ronn 75.000 Tonnen.
Iwwer 40 Joer goung et vum Containerpark iwwert de Recyclingszenter bis elo dann de Ressource-Zenter mat Secondhandshop. Op der Plaz ginn d'Objet'en ënnert d'Lupp geholl. Wa méiglech gi se fir een neie Gebrauch opbereet a reparéiert, wann et néideg ass.
Dës Occasiounsobjete kréien am Zenter een eegenen Espace, fir dass aner Leit se kréien, derbäi och eng Zon fir Informatioun a Sensibilisatioun. Viséiert si Bicher, Spillsaachen, Bastelsaachen, Geschier, Dekoratioun, CD'en, DVD'en, Videospiller, Vëloen oder nach Trottinetten, respektiv elektronesch Apparater.
Och d'Supermarchéeë gi mat agebonnen. Vum nächste Joer u ginn et bei Verkafssurfacen iwwer 1.500 Meter carré Infrastrukture fir d'Kollekt vu Pabeier, Glas, Plastik oder nach Batterien a Chargeuren.
Dass et funktionéiere kann, weist de Sperrmüll, deen a manner wéi 10 Joer ëm iwwer 50 Prozent zeréckgaangen ass.
D'Superdreckskëscht fir problemateschen Offall bleift iwweregens bestoen.
Detailer fann Dir op emwelt.lu. Do steet och d'Lëscht vun Ee-Wee-Produkter déi, besonnesch bei Manifestatiounen a Kultur oder Sport, op Kiermessen oder Dëppefester scho verbuede sinn oder et ginn.