Alkohol am Wäert vun 22.000 Euro aus engem Restaurant geklaut

© afp
An der Stad sinn dräi Déif an e Restaurant an der Rue de Strasbourg agebrach, wéi der Police en Dënschdeg de Moie gemellt gouf.
D'Abriecher hunn Alkoholfläschen am Wäert vun insgesamt 22.000 Euro matgoe gelooss. Am Laf vun den Ermëttlunge konnt d'Police déi presuméiert Täter allerdéngs identifizéieren. No enger Sich vun e puer Stonne goufen déi Verdächteg fonnt a gestallt. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl.
En Dënschdeg am Nomëtteg goufen d'Beamten dunn op Suessem op ee Chantier geruff. Onidentifizéiert Täter waren do a véier Camionnetten agebrach an hate Schaffgeschier matgoe gelooss. Et gouf ee Protokoll erstallt.
E Mëttwoch den Owend gouf an een Haus zu Izeg agebrach. Duerch eng ageschloe Fënster sinn d'Täter an en de Rez-de-chaussée vum Haus agebrach an hunn do eng Rei Raim duerchwullt. D'Police huet d'Ermëttlungen opgeholl.
An der Nuecht op en Donneschdeg hunn d'Beamten iwwerdeems dräi Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn, dat zu Péiteng, Ettelbréck a Rammerech.