Mat gutt 150.000 Iwwernuechtunge war et e Plus vun 81 % am Verglach mam Joer virdrun.

Domadder ass een nees bal um Niveau vu virun der Corona-Pandemie. Dat geet aus dem neie Joresrapport ervir.

Déi meescht Iwwernuechtunge goufen et am Juli. No Lëtzebuerg, koumen déi meescht Gäscht aus der Belsch an Holland. Ervirzehiewe vun zejoert wier och nach déi gréisser Renovatioun vun der Jugendherberg an der Fiels.