CGDIS zitt Bilan vun der SchueberfouerInsgesamt gouf sech ëm 290 Persoune gekëmmert, 39 hu missen hospitaliséiert ginn

Céline Eischen
D'Fouer ass e Mëttwoch op en Enn gaangen, ma net just fir d'Foraine ginn intensiv dräi Wochen op en Enn. Och d'Ekippe vum CGDIS waren déi 20 Deeg iwwer mat engem Dispositif op der Plaz.
All Dag waren Ekippe vum CGDIS op der Schueberfouer am Asaz
All Dag waren Ekippe vum CGDIS op der Schueberfouer am Asaz
© CGDIS

Am Ganze gouf sech an dëser Zäit ëm 290 Persoune gekëmmert, an deene meeschte Fäll huet et sech hei ëm kleng Problemer gehandelt. 39 Persounen si wärend der Fouerzäit mat enger Ambulanz an d'Klinik bruecht ginn. Donieft hu wärend der Fouer keng Leit wéinst Feieren oder aneren technesche Noutfäll misse gerett ginn. D'CGDIS-Ekippe waren all Dag mat Ekippe 8 bis 12 Leit vun der Mëttesstonn bis 1 Auer Moies am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO