Wéi d'Police mellt, ware leschte Weekend nawell vill Onéierlecher ënnerwee.

Zu Beetebuerg gouf an der Nuecht op e Samschdeg versicht, an en Eefamilljenhaus an der Rue Charles Jacquinot anzebriechen. Deen oder déi onbekannten Täter waren op d'Terrass geklotert a wollten do eng Fënster aschloen. Et blouf beim Versuch.

E Samschdeg de Moien ass en Abriecher iwwer eng oppe Fënster um Daach an en Haus an der Rue des Hauts-Fourneaux zu Dummeldeng erageklommen. D'Police geet dovun aus, dass hien iwwert de Kullang op den Daach geklotert ass.

E Samschdeg an der Mëttesstonn dunn ass en onbekannten Täter an en Eefamilljenhaus an der Route de Zouftgen gedrongen.  Hien hat dofir d'Terrassendier aus den Aangele gehuewen.

En aneren Abriecher huet am Nomëtteg versicht, an zwee Wunnengen um zweete Stack um Boulevard Pierre Frieden um Kierchbierg mat Gewalt anzedréngen. Gelongen ass him dat net, ma d'Entréesdier gouf staark beschiedegt.

Vun e Samschdeg op de Sonndeg koum et zu engem Abroch an eng Wunneng vun engem Appartementshaus an der Avenue G.-D. Charlotte zu Diddeleng. D'Wunnengsdier war opgebrach an d'Raimlechkeeten duerchwullt ginn. E puer Wäertgéigestänn, ënner anerem e puer Aueren, goufe geklaut.

An der Nuecht op e Sonndeg gouf versicht, an d'Schoulgebai an der Rue Gaston Thorn zu Mamer anzebriechen, dobäi war eng Fënster ageschloe ginn. Den oder d'Täter si geflücht, ouni eppes geklaut ze hunn.

Aus engem Gaardenhaus an der Rue de Pommiers um Cents gouf an der Nuecht op e Sonndeg Gaardegeschier geklaut. Och hei gouf eng Fënster ageschloen.

Da gouf an der Maacher Strooss zu Réimech vun e Samschdeg op e Sonndeg an e Coiffeurssalon agebrach an d'Keess geplëmmt.

An deem selwechten Zäitraum gouf et en Abroch an e Restaurant zu Miersch an der Garer Strooss.

E Sonndeg am spéiden Owend krut d'Police en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue Jean Claus zu Schëffleng gemellt. D'Awunner hate verdächteg Geräischer héieren. Den Abriecher ass geflücht, wéi dëse gemierkt huet, dass en net eleng wier. Säi Geschier an aner Spuere goufe spéider sécher gestallt. Eng Sichaktioun hat kee Succès.

Tëscht e Freideg an e Sonndeg hat sech een Abriecher, oder e puer, Accès an en Eefamilljenhaus an der Rue de Bastogne Beggen verschaaft. Eng Terrassendier war opgebrach ginn an d'Raim goufen duerchwullt. Geklaut goufe Wäertgéigestänn, ënner anerem Aueren zesumme mam Safe, an deem se louchen.

Zwee Wunnengsabréch gouf et och nach an der Rue du Fort Wedell an an der Rue André Duscher an der Stad, grad wéi an der Rue du Cimetière  zu Bouneweg, wou an e puer Kelleren agebrach gouf.

A sämtleche Fäll gouf eng Plainte gemaach, Ermëttlungen an d'Weeër geleet a jee no Fait och d'Spueresécherung beoptraagt.

D'Police rappelléiert nach emol op hir Informatiounen a Preventiounsvirschléi op hirer Websäit.