
Nieft dräi Verkéiersaccidenter sinn d'Rettungsdéngschter e Samschdeg och wéinst engem Veranda- an engem Vegetatiounsbrand ausgeréckt.
Zu Rolleng ass géint 11 Auer e Feier op enger Veranda ausgebrach, eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren ënner anerem dräi Ambulanzen, de SAMU an d'Pompjeeë vu Käerjeng, Péiteng an dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng.
Kuerz drop ass et um CR304 tëscht Réiden op der Atert an Hueschtert zu engem Accident mat engem Moto komm. De Motocyclist gouf blesséiert a vum SAMU souwéi enger Ambulanz versuergt.
Eng weider blesséiert Persoun gouf enger Chute mat engem Moto um CR306 tëscht Kéiber a Gréiwels gemellt.
Géint 13:50 Auer koum et op der A4 a Richtung Stad, op der Brëtell op d'A6 a Richtung Arel, zu engem Accident mat zwee Autoen. Zwou Persoune goufen hei blesséiert.
Zu Zéisseng hunn d'Pompjeeën um fréien Nomëtteg nach e Vegetatiounsbrand geläscht. Do gouf kee blesséiert.