"D'Appartement ass komplett zerstéiert"Renovéierung versprach kritt an ëm 40.000 Euro beduckst ginn

Rodrigo Costa Ribeiro
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Praktesch all Dag héiert ee vu Fäll, bei deene Leit Affer vu Bedruch ginn, dacks iwwer Internet oder mat Tricken iwwert den Telefon. Eis Kolleege vun RTL Today hu lo ee Mann aus Spuenien begéint, deen zu Lëtzebuerg schafft an erageluecht gouf, wéi hien eng soi disant Firma engagéiert hat, fir säin Appartement um Kirchbierg ze renovéieren.
"Ech weess net, wéi ech soll virukommen"

"D'Appartement ass komplett zerstéiert...Et gëtt kee Waasser, kee Stroum, keng Heizung, kee Buedem, guer näischt. Ech kann hei definitiv net wunnen", esou zielt eis et de José Sanchez-Lopez. Hien huet säin Appartement um Kierchbierg am Mäerz d'lescht Joer kaaft. Fir d'Renovatioun hat en 80.000 Euro op d'Säit geluecht. Haut sinn der 40.000
dovu fort an de Mann, deem hie se bezuelt huet, och.

"Ech hat Recommandatioune fir Bauaarbechter a Firme gesicht. Op Facebook hunn ech an engem Expats-Gruppe gefrot, an hien ass op mech duerkomm. Hie sot, en hätt eng Firma a kéint d'Aarbecht fir mech maachen."

E Mann, dee mir Alejandro nennen, sot, hien hätt eng Firma a kéint d'Aarbecht maachen. Mä d'Pabeieren hu sech ëmmer erëm geännert. Verschidden Devisen, verschidde Firmennimm bis et um Enn eng Firma mat enger valabeler Lëtzebuerger Nummer am Handelsregëster war.

"Schonn ier ech den Devis ënnerschriwwen hunn, sinn mer e puer Saache opgefall, déi net ganz kloer waren, well hien als éischt verschidde Firme mat verschiddenen Nimm uginn huet. Ech hunn hie gefrot, wat dat Problem wier. Hie sot, nee, dat wier kee Problem, hie géif mat verschiddene Firmen zesummeschaffen, dat géif hei sou gemaach ginn. An esou huet hie mech iwwerzeegt."

Si si sech op en Devis vun eppes iwwer 60.000 Euro eens ginn, bezuelt a sechs Phasen. Am September huet den Alejandro d'Schlëssele kritt an huet ugefaangen, ofzerappen.

"Si hunn ugefaangen, de Buedem erauszerappen an duerno d'Réier an d'Heizungskierper. Hie sot, do missten neier kommen. Ech hunn nogefrot, ob mir dat sou ausgemaach hätten an hie sot, jo, dat stéing alles esou am Devis, ech soll mer keng Suerge maachen. An dunn huet hien dat alles aus dem Appartement rausgerappt."

Dunn Enn September sinn d'Aarbechte guer net virugaang, mä de José hat scho 60 % vum Devis bezuelt, bal 40.000 Euro.

"Enges Daags hu mir eis hei am Appartement mat engem Installateur getraff an deen huet mech gefrot, firwat ech hien net bezuelen. Ech sot, dass ech scho 60% vum Devis bezuelt hätt. Mä hie sot, hien hätt ni eppes kritt. Dunn hu mir den Alejandro domadder confrontéiert. Hie sot et wier e Problem mat der Iwwerweisung an dat war deen leschten Dag, wou ech hie gesinn hunn. Hien ass einfach verschwonnen. Ech hu probéiert, hien iwwer Telefon ze erreechen, iwwer WhatsApp, wéi soss ëmmer, mee keng Äntwert."

De José huet am Oktober eng Plainte bei der Police gemaach. D'Beamte soten, den Numm vum Mann wier hinne scho bekannt. RTL huet mat dräi weidere Persoune geschwat, déi confirméiert hunn, dass se vum selwechte Mann erageluecht gi sinn. De Jose krut vum Parquet vun der Sektioun vun der organiséierter Kriminalitéit matgedeelt, dass d'Enquête nach amgaangen ass. Den Alejandro ass bis lo fir näischt zur Rechenschaft gezu ginn an huet net op eis Ufro fir eng Reaktioun ze kréien, reagéiert.

"Also elo sinn ech blockéiert. Ech sinn éierlech gesot verzweiwelt an ech gesinn net, wéi ech weiderkomme kann. Ech probéieren e puer Aarbechte selwer ze maachen, mä ech hunn ee Vollzäitjob also maachen ech dat wärend de Weekender an nuets, mä ech weess net, wéi ech soll virukommen", sou nach de José.

D'Originalversioun vun dëser Story fannt Dir bei eise Kolleege vun RTL Today.

Back to Top
CIM LOGO