An Zukunft kéinte Betriber dem Grand-Duché de Réck dréinen
Mir stiechen an enger Vertrauenskris. Dee Constat mécht d'Chambre de Commerce, nodeems bei iwwer 600 Betriber de Bols gefillt gouf.
Den Etat des lieux vun der Konjunktur fält duerchwuess aus. "Crise de confiance" ass de Barometer vun der Chambre de Commerce iwwerschriwwen.
Wichteg Wirtschaftsindicateure géinge stagnéieren a Lëtzebuerg misst onbedéngt Moossnamen op de Wee bréngen, fir attraktiv ze bleiwen. Anerwäerts kéinten Acteure fortgoen. Ënner anerem kéint den Index-System net bleiwen, ewéi en ass, sou d'Handelskammer.
International gesi gëtt et den Ament en Zesummespill vu ville Krisen. Resultat: Mam Geschäftsklima geet et biergof, och zu Lëtzebuerg.








Och wann d'Situatioun nach net dramatesch ass, drécken d'Inflatioun, d'Zënsen, eng mëttelméisseg Produktivitéit an en héije Coût de travail de Betriber op d'Laun.
"Mir kréie vill Signaler vu Multinationalen an anere Betriber, déi amgaang sinn ze iwwerleeën, ob se iwwerhaapt nach zu Lëtzebuerg bleiwen", sou den Direkter Carlo Thelen, deen awer op dëser Plaz keng Nimm oder Zuelen nennt.
E Fënneftel vun den Entreprisë géing soen, datt se weder dëst nach d'nächst Joer wéilten investéieren. De Revenu national Brut pro Awunner stagnéiert. De Kuch wiisst just nach ganz lues a méi Leit wëllen e Stéck dervun.
"Et musse méi kleng Bréidercher gebak gi fir d'Leit. D'Leit hunn dat awer nach net richteg matkritt, verënnerlecht oder akzeptéiert."De Wirtschafts-Standuert Lëtzebuerg muss d'Weiche stelle fir muer. Do wiere mer bei der Attraktivitéit vu Lëtzebuerg, op déi am aktuelle Barometer besonnesch de Fokus geluecht gouf.
Wat muss ee maachen, fir datt Betriber bleiwen, respektiv, datt neier kommen? D'Ëmfro identifizéiert op d'mannst dräi Chantieren. D'Christel Chatelain vun der Chambre de Commerce:
"Déi dräi grouss Hiewele fir d'Attraktivitéit ze stäerke sinn de Käschtepunkt vun der Aarbecht, d'Unzéie vun neien Talenter an d'Fiskalitéit vun den Entreprisen."Déi aktuell Regierung hätt d'Schwaachpunkten net all ausgebessert, Industriebetriber wieren net wëllkomm gewiescht an d'Prozedure wieren nach ëmmer vill ze schwéierfälleg, esou de Constat vun der Chambre de Commerce.
Am Waljoer ass de Message un d'Parteie kloer: Lëtzebuerg muss business-orientéiert Mesuren huelen. Dozou gehéiert och onbedéngt eng Reform vum Index, esou d'Chambre de Commerce. Si proposéiert eng degressiv a plafonéiert Indexéierung mat maximal enger Tranche pro Joer.