ChamberwalenDéi éischt am Land: D'LSAP-Osten presentéiert hir Kandidatelëscht

Roy Grotz
D'Ekipp ëm déi national Spëtzekandidatin Paulette Lenert am Osten ass elo bekannt.

Mat der LSAP-Lëscht aus dem klengste Walbezierk, dem Osten, läit déi 1. komplett Lëscht vun enger Partei fir d’Chamberwalen den 8. Oktober vir, déi e Méindeg den Owend an der Generalversammlung vun der Sektioun zu Maacher guttgeheescht gouf.

Net egal wat fir eng Lëscht, well se vun der Spëtzekandidatin Paulette Lenert nieft anere sechs Kandidaten ugefouert gëtt. En interessante Schachzuch vun de Politstrategen, mä domat muss d’Vize-Premierministesch net am Zentrum géint de Staatsminister untrieden.

De Co-Spëtzekandidat fir den Oste ass de Bezierkspresident Ben Streff.

Soss op der rouder Ostlëscht sinn déi aktuell Deputéiert Tess Burton vu Gréiwemaacher, déi 2018 op knapp 5.000 Stëmme koum an den neigewielte Schengener Conseiller Tom Bellion.

Nach ni mat a Landeswale goungen de jonke Prof. Kenichi Breden, Conseiller zu Jonglënster an de Charel Heim vun Iechternach.

Interessant och de Choix vun der Nadine Lang-Boever, fréier Schäffe vu Mäertert, déi no de Gemengen- och lo mat an d’Landeswale geet. Eppes, wat net de Fall fir de Buergermeeschter Jérôme Laurent ass, dee sech op säi lokaalt Mandat wëll limitéieren.

D’LSAP-Ost-Lëscht muss op iwwer 13 Prozent kommen, fir de Score vun 2018 z’areechen.

Deemools gouf fir d’LSAP eenzeg an eleng den Nicolas Schmit gewielt, deen op Bréissel goung a woufir dunn d’Tess Burton an d’Chamber nogeréckelt ass.

Bei de leschte Chamberwale war d’LSAP hannert Déi Gréng am Pourcentage vun de Wieler gerëtscht, déi mam Carole Dieschbourg och nëmmen ee Mandat kruten. D’DP war op 2 Sëtz komm, d’CSV op 3 Deputéiert.

PDF: D'Presentatioun vun der Lëscht vun der LSAP-Osten

Back to Top
CIM LOGO