
Nom Oste sinn d’Sozialisten och am Norden déi Éischt, op mannst wat d’Presentatioun vun der Lëscht fir d’Chamberwalen ugeet. Déi besteet zu iwwer engem Drëttel aus Newcomer.
Och am Nord-Bezierk geet ee mat enger Duebelspëtzt an d’Course ëm d’Stëmmen eran: Ugefouert gëtt d’Lëscht mat de 9 Kandidate vum LSAP-Landwirtschafts- a Sozialminister Claude Haagen, deen 2018 eng 7.700 Stëmmen krut a vum Flore Schank, déi sech nach kengen nationale Walen gestallt huet.
D’Fra un der Säit vum Minister ass eng Politikerin, déi beim Ombudsman fir Kannerrechter schafft, an zu Feelen 2. Schäffen ass.
Soss op der rouder Nord-Lëscht ass den Deputéierte Carlo Weber, deen 2018 Drëttgewielte gouf.
Bei de Gemengewalen war de Politiker zu Wëntger Beschtgewielten, mee ass lo bei enger CSV-DP-Koalitioun als Conseiller an der Oppositioun.
Interessante Choix fir d’Nordstad dann, wou den Dikrecher Ex-Buergermeeschter Claude Thill mat op der Lëscht ass, mee den Ettelbrécker Nei-Buergermeeschter Bob Steichen net. Effektiv hat den frëschgebakene Gemengepapp ewell an der Walcampagne annoncéiert, datt hie sech wäert op seng kommunal Chargen konzentréieren.
Och op der Lëscht sinn d’Clierfer Conseillère an aktuell LSAP-Vize-Presidentin Tina Koch, de Wëlzer Conseiller Michael Schenk, de Bauschelter Buergermeeschter Jeff Gangler, d’Claude Besenius vun Ettelbréck an déi nei gewielte jonk Rammerecher Conseillère Danielle Filbig.
Natierlech net méi op der LSAP-Nordlëscht dobäi ass den Ex-Minister Romain Schneider, deen 2018 en héije Score vun 12.300 Stëmmen hat a mat senger Lëscht an 16% ee Sëtz an der Chamber krut.
2013 hat d’LSAP am Norden nach 2 Deputéiert. Op d’sozialistesch Lëscht den 8. Oktober op dee Wonsch-Score ka kommen, sief dohigestallt.