
Ass et ubruecht, dass eng Persoun gläichzäiteg Buergermeeschter respektiv Schäffen an Deputéierten ass? D’Kritiker soen, dass de Cumul vu Mandater aus demokratietheoretescher Siicht e Probleem ass. Als Argument fir d’Duebelmandater gëtt dacks ugefouert, dass duerch d’Deputé-mairen déi lokal Interessen och op nationalem Niveau vertruede ginn.
Ma wéi demokratesch ass dës Representatioun vu lokalen Interessen an der Chamber iwwerhaapt?
D’Positioune vun de Parteien
Punkto Duebelmandater hu mir d’Parteie Folgendes gefrot:Sollen d’Duebelmandater ofgeschaaft ginn?
Sollen ofgeschaaft ginn: LSAP, ADR, Fokus, Volt, Konservativ, Déi Lénk
Sollen ofgeschaaft ginn, allerdéngs brauch et da weider Adaptatiounen: Déi Gréng, CSV
Sollen deelweis ofgeschaaft ginn: Piraten
Et solle Reformen an en Debat iwwer d’Duebelmandater ginn: DP
Solle bäibehale ginn: KPL
Krautmaart amplaz Clairefontainesplaz: Firwat wiele mir e Parlament a keng Regierung?
De Wielerwëllen: Muss d’Partei mat de meeschte Sëtz an der Regierung vertruede sinn?
Neien Input oder op Erfarung setzen? Sollen d’Mandatsperiode fir Ministere limitéiert ginn?