Wéi vill Ministerposte sollt eng Persoun besetze kënnen?

© RTL Grafik
Déi aktuell Lëtzebuerger Regierung zielt 17 Memberen, déi fir insgesamt 24 Ministèren zoustänneg sinn.
Dat bedeit, dass quasi all Regierungsmember sech op d'mannst ëm zwee Ressorte këmmere muss. Eenzeg an eleng d'Yuriko Backes an d'Joëlle Welfring si jeeweils fir een eenzege Ministère zoustänneg. Et sinn dëst d'Finanzen, respektiv den Environnement.
De Xavier Bettel ass nieft sengem Posten als Staatsminister dann och nach fir d'Medien, d'Kulten, d'Digitalisatioun an d'administrativ Reform responsabel.
Do kann ee sech engersäits d'Fro stellen, ob een d'Unzuel vun de Posten, déi eng Persoun gläichzäiteg besetze kann, net limitéiere misst. De Gedanken, dass et e Maximum un Aarbecht, déi eng Persoun meeschtere kann, begrenzt ass, spillt hei sécher mat. Op der anerer Säit mécht et awer vläicht Sënn, wann eng Persoun sech ëm e puer Ministère këmmere kann, déi sech inhaltlech ergänzen.
D'Michèle Schilt vum Zentrum fir Politesch Bildung geet nach eng Kéier méi genee op dës Fro an:
Wéi stinn d'Parteien zu enger Limitt fir Ministerposten, déi gläichzäiteg vun enger Persoun kënne besat ginn?
Fir dat erauszefannen hu mir de Parteie folgend Fro gestallt:
Soll d’Unzuel vun de Ministerposten, déi eng eenzel Persoun gläichzäiteg ka besetzen, limitéiert ginn.
Hei fannt Dir d'Positioune vun de Parteien am Iwwerbléck
Géint eng Limitéierung: LSAP, DP, Déi Gréng, CSV, ADR, Piraten, Déi Lénk
Fir eng Limitéierung: Volt, Déi Konservativ, KPL
Fir eng Limitéierung bei gläichzäitegem Zesummeleeë vun Departementer: Fokus
Hei kënnt Dir déi detailléiert Äntwerte vun de Parteien noliesen:
Hei fannt Dir déi aner Deeler vun eiser Serie "Demokratie-Check":
Krautmaart amplaz Clairefontainesplaz: Firwat wiele mir e Parlament a keng Regierung?
De Wielerwëllen: Muss d'Partei mat de meeschte Sëtz an der Regierung vertruede sinn?
Neien Input oder op Erfarung setzen: Sollen d'Mandatsperiode fir Ministere limitéiert ginn?
Cumul vu Muecht oder Representatioun vu lokalen Interessen? Sinn d'Duebelmandater nach zäitgeméiss?