
Zu Lëtzebuerg gëtt et zum Beispill keng Limitt vun den Amtszäiten fir Ministerposten. Déi nämmlecht Persoun kann also esoulaang Minister bleiwen, wéi si fir de Posten nominéiert gëtt. Am Referendum vun 2015 koum dann och eraus, dass knapps 70 Prozent vun de walberechtegte Lëtzebuerger kee Probleem domat hunn, wann eng Persoun méi laang ewéi 10 Joer op engem Ministerposte bleift.
Ma wier et dann net gutt, wann d’Persoun un der Spëtzt vun engem Ministère reegelméisseg wiessele géif, fir op dës Manéier nei Iddien a frësche Wand an d’Politik ze bréngen? Op der anerer Säit, kéint een natierlech d’Argument uféieren, dass eng Persoun, déi scho méi laang op hirem Posten ass, vun hirer Erfarung profitéiert.
Fir erauszefannen, wéi d’Parteien zu enger Limitéierung vun den Amtszäite fir Ministerposte stinn, hu mir hinne folgend Fro gestallt:
Soll d’Unzuel vun den Amtszäite fir Ministerposte begrenzt ginn?
Géint eng Limitéierung: LSAP, DP, Déi Gréng, CSV, ADR, Piraten Déi Konservativ, KPL
Fir eng Limitéierung: Déi Lénk, Fokus, Volt
Krautmaart amplaz Clairefontainesplaz: Firwat wiele mir e Parlament a keng Regierung?
De Wielerwëllen: Muss d’Partei mat de meeschte Sëtz an der Regierung vertruede sinn?
Cumul vu Muecht oder Representatioun vu lokalen Interessen? Sinn d’Duebelmandater nach zäitgeméiss?