
D’Parteien, déi am Parlament sëtzen, musse sech dann eens ginn, fir eng Koalitioun ze fannen, déi eng Majoritéit vun de Sëtz - am Fall vun der Chamber sinn dat der 31 - hannert sech huet, fir esou eng Regierung ze forméieren.
Et ginn awer och Länner, an deenen de Regierungschef direkt vum Vollek gewielt gëtt, a sech seng Regierung zesummestelle kann. Dat prominentste Beispill sinn hei d’USA, an deenen de President gläichzäiteg Staats- a Regierungschef ass.
Do stellt sech d’Fro, firwat mir zu Lëtzebuerg e Parlament wielen an d’Regierung sech dann aus de Parteien, déi an dësem vertruede sinn, forméiert? Ass ee vu béide Systemer vläicht besser oder méi demokratesch wéi dat anert?
Fir erauszefannen, wéi d’Lëtzebuerger Parteien zu enger Direktwal vum Regierungschef respektiv der Regierung stinn, hu mir hinne folgend Fro gestallt:
Sollt d’Regierung respektiv de Regierungschef direkt vum Vollek gewielt ginn?
Kloer géint eng Direktwal vum Regierungschef: LSAP, DP, Déi Gréng, CSV ADR, déi Lénk, KPL
Prinzipiell zu Diskussioune bereet: D’Piraten a Volt
Kloer fir eng Direktwal vum Regierungschef: Fokus
Direktwal vun de Regierungsposten: Déi Konservativ
De Wielerwëllen: Muss d’Partei mat de meeschte Sëtz an der Regierung vertruede sinn?
Neien Input oder op Erfarung setzen: Sollen d’Mandatsperiode fir Ministere limitéiert ginn?
Cumul vu Muecht oder Representatioun vu lokalen Interessen? Sinn d’Duebelmandater nach zäitgeméiss?