
Dacks gouf an der Suitte vum sougenannte Wielerwëlle geschwat, deen net respektéiert gi wier. Dat well d’CSV als Partei mat de meeschte Sëtz am Parlament net Deel vun der Regierung war.
Eng Regierung ouni Bedeelegung vun der Partei mat de meeschte Sëtz am Parlament ass fir Lëtzebuerg eng Exceptioun. Virdru gouf et dat eréischt eng Kéier: 1974 haten d’DP an d’LSAP zesummen d’Regierung forméiert, obwuel d’CSV déi meeschte Sëtz an der Chamber hat.
An nach haut suergt dat deelweis fir Diskussiounen. Ass dat eigentlech demokratesch, wann d’Partei mat de meeschte Sëtz am Parlament net an der Regierung vertrueden ass? Misst se net vläicht esouguer automatesch an der Regierung sinn?
Fir erauszefannen, wat d’Lëtzebuerger Parteien iwwert dëst Thema denken, hu mir hinne folgend Fro geschéckt:
Sollt d’Partei mat de meeschte Sëtz am Parlament automatesch an der Regierung vertruede sinn?
Kloer dogéint: LSAP, DP, Déi Gréng, Déi Lénk, KPL
Dogéint mat enger alternativer Propos: Fokus
Dogéint, ma d’Partei mat de meeschte Sëtz sollt d’Initiativ bei der Regierungsbildung hunn: CSV, ADR, Piraten
Kloer dofir: Déi Konservativ
Krautmaart amplaz Clairefontainesplaz: Firwat wiele mir e Parlament a keng Regierung?
Neien Input oder op Erfarung setzen: Sollen d’Mandatsperiode fir Ministere limitéiert ginn?
Cumul vu Muecht oder Representatioun vu lokalen Interessen? Sinn d’Duebelmandater nach zäitgeméiss?