3 vu 4 concernéierte Poliziste goufen aus Untersuchungshaft entlooss

Nëmmen nach ee vun de véier Polizisten, déi wéinst Verdacht op Policegewalt verhaft goufen, ass nach an Untersuchungshaft.
Wéi den Essentiel um Donneschdeg mellt, sinn déi dräi aner an de leschten Deeg provisoresch an ënner Oplage fräikomm.
Dat krut RTL och op Nofro hi bestätegt.
Zu den Oplagen zielt z.B., dass si kee Kontakt mat de Poliziste vun hirem Kommissariat ophuelen dierfen, a si dierfen d’Land net verloossen.
Eng Decisioun fir de 4. Polizist géif sech nächst Woch erwaart. Hinne gëtt reprochéiert am Mee e Mann, deen ze vill gedronk hat, um Garer Kommissariat mësshandelt ze hunn a probéiert ze hunn d‘Dot duerno ze vertuschen.
Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d'présomption d'innocence.