Mat 27 Joer jéngsten Deputéiert: D'LSAP-Politikerin Liz Braz am Portrait
Si ass 2023 fir d'éischt als Kandidatin bei de Parlamentswalen ugetrueden a gouf aus dem Stand eraus mat bal 24.300 Stëmmen direkt an d’Chamber gewielt.
D'Liz Braz ass mat 27 Joer déi jéngst Parlamentarierin, déi en Dënschdeg als Deputéiert vereedegt gouf.
Si ass zu Esch opgewuess an hirer Heemecht bis haut trei bliwwen. No hirem Lycéesofschloss huet si 5 Joer laang Droit studéiert an iwwerleet elo nach e weidere Master an der Ekonomie oder de Finanzen ze maachen.
Aktuell dréint sech am Liewe vun der jonker Escherin awer mol bal alles ëm d'Politik. Nodeems si bei de Gemengewalen am Juni 2023 als Drëttbescht gewielt gouf, sëtzt si zesumme mat 5 aneren LSAP-Politiker am Escher Gemengerot. Hei wëll si der Majoritéit aus CSV, DP an déi Gréng op d'Fangere kucken a mat dofir suergen, dass déi richteg Projeten am Interêt vun der Gemeng Esch an hire Bierger ëmgesat ginn.
Am Dezember 2021 gouf d'Liz Braz Member bei der LSAP an huet an der Escher Lokalsektioun matgeschafft. Den Numm Braz dierft ville bekannt sinn duerch hire Papp Felix, dee sech jorelaang op lokalem an nationalem Niveau fir déi Gréng staark gemaach huet, bis 2019 en Häerzinfarkt säi Liewe verännert huet. Dat war och de Grond fir d'Liz Braz, sech éischter wéi geduecht politesch z'engagéieren. Datt si just gewielt gouf wéinst hirem Papp léisst si net gëllen. Si wier sech bewosst, datt dat hir verschidden Dieren opgemaach hätt, mee si hätt awer lo no zwou Walen och bewisen, datt se méi wier, wéi just e Familljennumm.
An der Chamber wëll sech d'Liz Braz fir déi jonk Generatioun staark maachen. D'Logementskris bekämpfen, gehéiert dofir zu hire Prioritéiten. Si géif sech duerch hire Studium awer och fir d'Justiz intresséieren, grad ewéi d'Gesondheetspolitik a fënnt, datt d'Digitalisatioun nach méi e wichtegt Thema misst sinn.
D'Liz Braz ass gespaant, wéi hiren Alldag mat politeschem Engagement zu Esch an um Krautmaart wäert ausgesinn, spiert sech awer op alle Fall prett dofir. Si wier sech awer och bewosst, datt e Mandat zäitlech begrenzt wier.