Opgepasst!Falsch SMS vun der Post am Ëmlaf

RTL Lëtzebuerg
Am Ament sinn nees falsch SMSen ënnerwee, déi sollen ausgesinn, wéi wa se vun der Post geschéckt goufen.

Dës SMS geet aktuell ronderëm a rifft dozou op, fir op e Link ze drécken. D’Leit kréie gesot, hire Pak konnt net geliwwert ginn an et sollt ee seng Adress änneren.
Wann een esou eng SMS kritt, soll een op kee Fall op de Link klicken. Onéierlecher probéieren iwwert dëse Wee u perséinlech Daten ze kommen.

Update 17h00: De Link, op deen d’Leit verwise goufen, gouf mëttlerweil gespaart an als SPAM deklaréiert.

Back to Top
CIM LOGO